Waasserschutz
  • #Erwuessener
  • #Cycle 3
  • #Cycle 4
  • #12 - 15 Joer
  • #16 - 18 Joer



19.11.2024

19. November



Haut ass Welttoilettendag. Dat kléngt zwar witzeg, huet awer en eeschten Hannergrond.



Bal d’Halschent vun de Mënschen, déi op der Äerd wunnen, hunn doheem kee fléissend Waasser an dofir och keng Dusch oder Toilett. Si musse sech all Dag Waasser an ee Buer, Pëtz oder Floss siche goen. Dat Waasser ass meeschtens knaschteg. Doduerch gi vill Krankheeten iwwerdroen. Dofir hunn d’Vereenten Natiounen virun 10 Joer de Welttoilettendag an d’Liewe geruff. Domat sollen d’Leit op der ganzer Welt dorop opmierksam gemaach ginn, wéi wichteg proppert Waasser ass. Den Zougang zu propperem Waasser ass nämlech ee Grondrecht. Dat heescht, Eppes, op dat jiddereen ee Recht huet.
Zu Lëtzebuerg hu mir dee Problem natierlech net. Bei eis kënnt proppert Drénkwaasser aus dem Krunn an och an d’Toilett. Am Fong ass dat wäertvollt Drénkwaasser ze vill schued, fir an der Toilett benotzt ze ginn. Dofir hu vill Toiletten zwee Knäppercher, ee klengen an ee groussen. Wann een op dee klenge Knäppchen dréckt, gëtt manner Waasser verbraucht, wéi bei dem groussen. Sou kann och op der Toilett Drénkwaasser gespuert ginn.
Vun der Toilett aus leeft dat benotzte Waasser duerch ee Rouer bis an eng Kläranlag. Dat si grouss Installatiounen, wou de Knascht aus dem Waasser eraus gefiltert gëtt. Dono leeft dat gebotzte Waasser an ee Floss oder eng Baach. Verschidde Saachen wéi zum Beispill Medikamenter si ganz schwéier eraus ze filteren. Dofir soll een näischt Gëfteges an d’Toilett schëdden, well dat kann dono an engem Floss landen. An dat hunn d’Fësch an déi aner Liewewiesen am Waasser net gär, well dovunner gi si krank oder stierwen.
Proppert Waasser ass also net nëmmen fir d’Mënsche ganz wichteg, mee och fir d’Deieren an d’Planzen dobaussen.