- #Cycle 2
- #Cycle 3
- #Cycle 4
23.12.2024
Knëppelsténg
Hues du dech schonn emol gefrot wéi Knëppelsteng entstinn?
Wéi entsti Knëppelsteng?
Meeschtens fale Knëppelsteng am Summer vum Himmel. Well si entstinn a ganz grousse Wiederwolleken, also Wolleken aus deenen et blëtzt a reent.
Déi Wolleken nennt ee Cumulonimbus-Wollek.
Déi sinn immens grouss, ganz oft e puer Kilometer héich. Déi kënne schonn emol 10 Kilometer grouss sinn. Wéi all Wollek besteet och Cumulonimbus aus ganz ville Waasserdrëpsen. Déi Drëpse si ganz kleng, dowéinst schwätzt ee vun Damp, Waasserdamp. D’Waasser ass a Form vu Gas an der Loft.
Wëll déi Wolleken esou immens grouss sinn, ass et uewen an der Wollek och vill méi kal wéi ënnen. Iergendwou zwëschent ënnen an uewen ass de Punkt wou et 0° C sinn. Do drënner ass et méi waarm an driwwer méi kal. An ganz uewe kann et richteg kal ginn. Do sinn et net siele manner wéi -70°C.
(An ärem Tifküler doheem ass et och immens kal, awer do sinn et “just” -20° C.)
An der Wollek ass och eng lass. Do ass e ganz staarke Wand an der Wollek an dee bléist no uewen. Stell dir elo emol fir wat mat de klenge Waasserdrëpsen ënnen an der Wollek geschitt.
Genee si gi, vum Wand an der Wollek, an d’Luucht geblosen. Dobäi fléie si ganz héich an der Wollek erop. A wat ass uewe fir eng Temperatur? Genee do ass et ganz kal. Also entsteet aus eiser Waasserdrëps eng kleng Äiskugel. Uewen an der Wollek léist de Wand no an déi kleng Äiskugel fält erof.
Wéi wäit fält se wuel erof?
Dat hänkt elo vun der Stäerkt vum Wand an der Wollek of. Wann de Wand, deen no uewe bléist, et packt eis Äiskugel, nach emol an d’Luucht ze blosen, da geet et fir si erëm erop. Wéi oft si erop an erof flitt, hänkt vun der Stäerkt vum Wand an der Wollek of.
Béi deem Op en Of, bleiwen ëmmer e puer nei Drëpse Waasser un eiser Äiskugel hänken. Si gëtt ëmmer méi grouss. Si wiisst.
Iergendwann packt dee Wand et net méi si nees an d’Luucht ze blosen an da geet et fir d’Äiskugel, als Knëppelsteen, erof bis op de Buedem.
Esou e groussen Knëppelsteen ass awer immens sielen. Meeschtens hunn se vun e puer Millimeter bis vläicht 1 oder 2 Zentimeter. Desto méi grouss, desto méi sielen se virkommen.