Drénkwaasser
  • #Cycle 3
  • #Cycle 4
  • #12 - 15 Joer



09.09.2024

Drénks du léiwer Krunnewaasser oder Fläschewaasser ?



Wosst du, dass d’Krunnewaasser dat bescht a meescht kontrolléiert Liewensmëttel hei am Land ass? All Joer ginn iwwert 12.000 Analysen dovun gemaach. Eist Krunnewaasser huet eng ganz gutt Qualitéit a kann ouni Problem iwwerall am Land gedronk ginn.


Dat ass eng grouss Chance, well dat ass nach laang net iwwerall op der Welt de Fall. A wat gëtt et méi praktesches, wéi sech frëscht Waasser direkt aus dem Krunn an d’Glas oder seng Fläsch ze fëllen?

Niewebäi spuert ee Suen an et produzéiert ee keen Offall mat eidele Fläschen. An et spuert ee souguer nach Waasser! Dat kléngt zwar komesch, mee d‘Erklärung ass einfach: Fir Fläschen ze produzéieren gëtt jo och Waasser verbraucht.

Krunnewaasser huet nach ee Virdeel: Du wees vu wou et kënnt, nämlech hei aus dem Land. D’Hallschent vun eisem Waasser kënnt aus dem Stau an déi aner Hallschent aus Quellen.

Beim Fläschewaasser wees een dat net ëmmer sou genau. Außerdem gëtt d’Fläschewaasser dee Moment kontrolléiert wou et an d’Fläsch gefëllt gëtt. An dono net méi. Wann et a Plastiksfläschen an der Sonn gelagert gëtt, ka sech Mikroplastik an d’Waasser léisen an deen drénks du mat.

Wann's du wëlls wëssen, wéi d’Krunnewaasser bei dir doheem oder an der Schoul ass, da kuck hei um Site beim Numm vun denger Gemeng.

Drenkwaasser | Drenkwaasser