- #Cycle 2
- #Cycle 3
- #Cycle 4
- #12 - 15 Joer
- #16 - 18 Joer
11.02.2025
Kaartespill Flossquartett
Léier eis Flëss kennen… an dat an engem Spill.
Lued dier d’Datei mat de Kaarten erof, dréck se a schneit se duerno eraus.
A scho kann et lass goe mat spillen.
Hei d’Reegelen:
D’Kaarte ginn ëmmer gutt gemëscht an ënnert de Spiller opgedeelt.
Jidderee kritt d’selwecht vill Kaarten.
Quartett klassesch
All Spiller kuckt sech seng Kaarten un. Wann een elo schonn ee Quartett zesummen huet, also déi 4 Kaarte vun engem Buschtaf, muss een déi eraus leeën. Dee Spiller, dee lénks nieft deem sëtzt, deen d’Kaarten ausgedeelt huet, fänkt un. Hie freet ee Matspiller no enger bestëmmter Kaart déi him feelt (z.B. d’Kaart A1). Wann de gefrote Spiller dës Kaart huet, muss hien déi un de Spiller, dee se gefrot huet, ofginn. Dësen dierf dann nach eng Kéier ee Matspiller no enger Kaart froen. Wann de gefrote Spiller d’Kaart net huet, ass et un him fir no enger Kaart ze froen. Soubal ee Spiller ee komplette Quartett huet, leet hien dësen oppen op den Dësch. Gewonnen huet dee Spiller, deen déi meeschte Quartetter huet.
Variant vum Quartett
Gëtt d’Spill nëmmen zu zwee gespillt, kritt all Spiller 10 Kaarten.
D’Kaarten, déi iwwereg bleiwen, ginn an d’Mëtt geluecht. Dee jéngste Spiller fänkt un a freet de Matspiller no enger Kaart. Huet deen dës Kaart net, zitt de Spiller eng Kaart aus der Mëtt. Ass dës déi gewënschte Kaart, dierf hien nach eng Kéier no enger Kaart froen. Ass et eng aner Kaart, dann ass de Matspiller un der Rei fir no enger Kaart ze froen.
Tromp
D’Spiller halen hir Kaarten als Pak an der Hand, sou datt all Spiller nëmmen seng iewescht Kaart gesäit. Dee jéngste Spiller fänkt un. Hie liest vu senger Kaart de Wäert vun enger Kategorie, déi hie sech fräi eraussiche kann, vir. All d’Spiller vergläichen hire Wäert mat dem genannte Wäert. De Spiller mam héchste Wäert gewënnt a kritt d’Kaarte vu senge Matspiller. Dës Kaarte leet hien zesumme mat senger Kaart ënnert de Pak Kaarten deen hien an der Hand huet. Elo ass et un him. Wann 2 Wäerter d’selwecht si gëtt d’Ronn mat enger anerer Kategorie widderholl. Gewonnen huet dee Spiller, deen um Enn déi meeschte Kaarten huet.