- #Cycle 2
- #Cycle 3
- #Cycle 4
27.01.2025
Kann ee Reewaasser drénken?
Wann's du mol mat dengen Eltere spadséiere gees oder dobausse spills, kriss du bestëmmt heiansdo Duuscht. Wann et da vläicht reent oder gereent huet, kéints du dech froen op een dat Waasser dat vum Himmel fält net einfach kéint drénken? Schliisslech mécht däi Mupp oder deng Kaz dat jo och heiansdo.
Fir op déi Fro ze äntweren, kucke mir fir d’éischt emol wéi de Reen entsteet. Wann et méi waarm dobausse gëtt, fänkt d’Waasser aus dem Mier, de Flëss, de Séien an de Planzen un ze verdonsten. Verdonsten, dat heescht d’Waasser gëtt zu Waasserdamp, dee sech dann am Himmel ënnert Form vu Wolleken usammelt. Wann d‘Loft nees méi kal gëtt, ginn aus dem Waasserdamp erëm méi déck Drëpsen déi als Reen zeréck op d’Äerd falen. Wann et dann nees méi waarm gëtt, verdonst d'Waasser an alles geet erëm vu vir un. Dëse Virgang nennt ee Waasserkreeslaf.
Nieft dem Waasser wat verdonst, sinn an eiser Loft awer och schiedlech Ofgase vun Autoen oder Fabricken. Dës Stoffer verbannen sech mam Waasser an der Wollek a maachen, dass dëst net méi ganz propper ass. Heibäi schwätzt een och vu sauerem Reen, well duerch dës Verschmotzung de PH-Wäert vum Waasser erof geet.
Wéi propper d’Reewaasser dat vum Himmel fält ass, hänkt also dovunner of wéi propper d’Loft ass. Bei Reewaasser dat an engem Pull ass oder laanscht d’Mauer erof leeft kommen dann natierlech och nach déi Bakterien a Stoffer dobäi, déi sech op der Mauer oder am Buedem befannen. Fir sécher ze sinn datt een d’Reewaasser kann drénken, misst een et ofkachen an no enger bestëmmter Prozedur filteren.
Deemno soll ee Reewaasser also net drénken. Dat gëllt iwwregens och fir de Mupp a d’Kaz. Well och wa si vläicht manner sensibel op knaschtegt Waasser reagéieren, kënnen si awer dovunner krank ginn. Am Beschten ass et also du denks drun, fir dir an dengem Hausdéier proppert Waasser vum Krunn mat op de Wee ze huelen!
