Allgemeng
  • #Erwuessener
  • #Cycle 3
  • #Cycle 4
  • #12 - 15 Joer
  • #16 - 18 Joer



21.03.2025

Weltwaasserdag 2025 : Erhale vun de Gletscher



Den 22. Mäerz ass de Weltwaasserdag. Den Dag soll eis drun erënnere wéi wichteg d'Waasser an eisem Alldag ass. Mir vergiesse nämlech séier datt et bei wäitem keng Selbstverständlechkeet ass, datt proppert Waasser aus dem Krunn kënnt. Et ginn nach ëmmer 2.2 Milliarde Leit op der Welt déi keen Zougang zu propperem Waasser hunn.


Mir liewen zwar op engem bloe Planéit wou méi wéi 70% vun der Uewerfläch vun Ozeaner bedeckt sinn, mee dat ass awer bei wäitem net alles Waasser, dat mir drénke kënnen. Nëmmen 3% vum ganze Waasser ass nämlech Séisswaasser.

D’Gletschere spillen do eng wichteg Roll well si bal dréi Véirel vum ganze Séisswaasser späicheren. Dofir steet de Weltwaasserdag 2025 och ganz am Thema vum Erhale vun de Gletscheren.

Wéi entsteet ee Gletscher?


Et fänkt u mat Schnéiflacken. An de Bierger oder de Polarregioune wou et kal genuch ass datt de Schnéi net all am Summer schmëlzt, kënnen sech sou déck Schichte Schnéi iwwer d’Joren usammelen. Mat der Zäit ginn déi ënnescht Schichten duerch d’Gewiicht vun uewen zesummegedréckt, dobäi entsteet vir d’éischt de sougenannte Firn. De Firn ass d’Tëschenetapp vu Schnéi zu Äis: méi dicht wéi Schnéi, manner wéi Äis. Ab enger Déift vu 50-80m, ass d’Gewiicht vun de Schichten sou grouss dass de Firn an Äis verwandelt gëtt. Dëse ganze Prozess brauch awer laang Zäit, deelweis méi wéi honnert Joer!

Si Gletschere bewunnt?

Och wa vum Yeti nach ëmmer all Spuer feelt, dann hu Fuerscher trotzdeem Liewen an de Gletschere fonnt. Nieft Mikroben, wéi Bakterien an Algen, déi sech un dësen extreeme Liewensraum ugepasst hunn, liewen an de Gletscheren an Nordamerika och Äiswierm. Dëse bis zu 2.5cm klenge Wuerm ass bis elo dat gréissten Déier dat säi ganzt Liewen am Gletscher verbréngt. Fir ze iwwerliewe brauch den Äiswuerm Temperaturen ëm 0 Grad Celsius. Wann et ze kal gëtt (manner wéi -7°C) da fréiert de Wuerm, a wann et ze waarm gëtt (méi wéi 5°C) da schmëlzt Déierche fërmlech. Den Äiswuerm ernäert sech vun den Algen a Bakterien um Gletscher a verstoppt sech wärend dem Dag am Schnéi a kraucht réischt wann et däischter gëtt aus senger Stopp eraus.

Firwat si Gletschere wichteg?

D’Gletscheren an den Alpe sinn d’Haaptquellplaz fir de Rhäin, de Rhône, de Po an d’Donau. Dofir ginn d’Alpen och als d’Waassertierm vun Europa bezeechent. Am Wanter sammelt sech Schnéi an d’Gletschere wuessen (wann och ganz lues wéi uewe gesinn), a wann d’Temperature klamme schmëlzt een Deel dovunner a speist sou Waasser an d’Baachen an d’Flëss, och wärend dréchene Perioden. Dofir spille Gletscher eng wichteg Roll bei der Waasserversuergung. Ronn 2 Milliarde Mënschen op der Welt hänke vum Schmëlzwaasser vu Gletscher oder Schnéi of fir hiert Drénkwaasser, Landwirtschaft, oder Energieproduktioun. Natierlech bléift dës Ressource nëmmen erhalen, wann d’Gletscher am Summer net méi séier schmëlze wéi Neischnéi am Wanter dobäi kënnt, an dat ass leider dacks net méi de Fall.

Firwat schmëlzen d’Gletscheren haut sou séier?

Duerch d’Klimakris klammen d’Temperaturen an doduerch fält manner Schnéi am Wanter an d’Gletscher schmëlzen ze séier. Aleng am Joer 2023, hu Gletscher 600 Gigatonnen, also 600,000,000,000 Tonnen, Waasser verluer. Dat si Quantitéiten déi een sech guer net richteg virstelle kann, mee säit 2000 ass sou vill Waasser geschmolt datt de Mieresspigel ganzer 2cm an d’Luucht gaang ass. Zwee Zentimeter schéngt net vill mee et muss ee bedenken wéi riseg Weltmierer sinn a wéi vill Waasser an do draschëdde muss fir iwwerhaapt een Ënnerscheed ze gesinn. Wann alleguer dat gefruerent Waasser géif schmëlzen da géif de Mieresspigel ëm 65m klammen a grouss Deeler vun Holland an der Belsch wieren iwwerschwemmt. Leider sinn déi momentan Prognose fir d’Gletscheren net gutt a vill wäerte bis zum Enn vum Joerhonnert verschwanne wann näischt ënnerholl gëtt.

Wat kënne mir maachen?

An enger Welt ouni Gletscher wieren net nëmmen d’Äiswierm opgeschmass, mir Mënsche géifen d’Konsequenzen och spieren duerch verännert Küsten, Iwwerschwemmungen a Waassermangel an den dréchene Méint. Fir dat ze verhënneren ass et wichteg déi global Erwiermung op maximum 1.5°C ze beschränken andeems d’Emissioun vun Zäregaser drastesch reduzéiert gëtt. Fir dës Ziler ze erreechen, brauch et eng international Kooperatioun fir gemeinsam Léisungen ze fannen an ambitiéis Richtlinnen ëmzesetzen.



Dëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.
Dëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.