An du bass am Cycle 3 oder 4, dann ass de Piwitsch genau dat richtegt fir dech!
Mee wat ass de Piwitsch.
Als alleréischt ass et ee Villche mam lëtzebuerger Numm Piwitsch. Op däitsch heescht hie Kiebitz an op franséisch vanneau huppé. An der Photo-Gallerie ass eng Foto vun engem Piwitsch.
Mee De Piwitsch ass och eng Zeitung fir dech vum Schoulministère. De Projet Piwitsch hëlleft Kanner tëscht 8 an 12 Joer, aktuell Themen ze verstoen, an d'Medien zu Lëtzebuerg kennenzeléieren.
An an hirer Ausgab 12 ass och e super interessanten Artikel mam Theema: "Die Kläranlage Eine rieisige Waschmaschine für Wasser".