- #Cycle 2
- #Cycle 3
- #Cycle 4
- #12 - 15 Joer
19.11.2024
Abtrittanbieter
Wéi mengs du datt am 18 Joerhonnert déi ëffentlech Toiletten ausgesinn hunn?
Freier bei de Réimer gouf et schonn eng Kanalisatioun an och ëffentlech Toiletten. Méi dozou kanns du am éischten Artikel zu den Toiletten liesen. Awer mat der Zäit hunn d’Leit déi Saach nees vergiess.
Sou gouf et schonn am Mëttelalter keng Kanalisatioun an ëffentlech Toilette méi. A wat sollten d’Leit da maachen, wann se ënnerwee waren an hu “mussen”? Dee klenge oder och grousse Problem hunn d’Leit deemools ganz einfach geléist. Si hunn einfach do wou se waren, ob dat op der Strooss oder am Park war, hire Kéipchen hannerlooss.
Am 18. an 19. Joerhonnert gouf déi einfach Léisung dunn - besonnesch a grousse Stied - verbueden. Dat haaptsächlech wéinst der Hygiène a well d’Dokteren a Wëssenschaftler esou lues erausfonnt hunn, datt an den Exkrementer och Krankheete stieche kënnen.
Do haten dann d’Leit e Problem. Wou sollten se hiert Geschäft maachen? Ëffentlech Toilette gouf et nach net. Besonnesch déi Leit déi sech an der Stad net auskannt hunn, haten e grousse Problem.
Do koumen ee ganz neie Beruff op, den Abtrittanbieter .
Dat ware Männer a Fraen déi mat Eemeren an engem risege Mantel, duerch d’Stroossen a Gaasse getrëppelt sinn an de Leit, fir e puer Su, hier Déngschter ugebueden hunn. Da konnten sech hier Clienten op den Eemer setzen, den Abtrittanbieter huet si mat sengem risege Mantel verstoppt a si konnten et lafe loossen oder e Kéipche maachen. Oft haten si 2 Eemeren dobäi déi se un engem Stéck Holz iwwert d’Schëllere gedroen hunn.
Hätt dir geduecht datt et schonn am 18. Joerhonnert Toilette gouf, wou een huet misste bezuelen?
Elo frot dir iech bestëmmt, op déi ënnert dem Mantel Toilettëpabeier haten. D’Äntwert ass “Nee”. Dat gouf et deemools nach net a Pabeier war immens deier. Vläicht hunn si Blieder vu Planze mat ugebueden. Awer dat wësse mir haut net sécher.
Awer net nëmmen als mobil Toilette hunn déi Leit Sue verdéngt. Nee si hunn déi flësseg Exkrementer, den Urin, och nach verkaf. Dee gouf fir 2 Saache gebraucht. Dat eent war fir Lieder ze maachen an dat anert war fir d’Hierstelle vu Phosphor.
Audio
Hei kanns du den Artikel och lauschteren!